Lokale Maart in der “Däichhal” in Ettelbruck am 02.03.+03.03.2019

Diedenacker Brennerei > News > Diedenacker > Lokale Maart in der “Däichhal” in Ettelbruck am 02.03.+03.03.2019

‘DE LOKALE MAART’ kënnt de Weekend vum 02 & 03 Mäerz zréck an d’Däichhal!

Entdeckt 70 Stänn déi lokal Produkter verkafen a virstellen. Design, Moud a Bijou‘en, Iessen a Gedrénks, Bicher, Saache fir Kanner, Fleege Produiten an allerlee Déngschtleeschtungen. Fannt eraus wat Lëtzebuerg ze bidden huet an huelt Deel bei engem vun de verschidennen Atelieren.
Bréngt roueg ären Appetit mat: Food Trucks an lokale Goût’en dobannen!

FRÄIEN ENTREE & PARKING
Dëst Evenement gëtt erméiglecht duerch d‘Ënnerstëtzung vun der Stad Ettelbréck.

 

Kategorien