Cocktailer - Platen - etc.
Cherry blossom
3 cl Kirsch
3 cl Äerdbierliqueur
2 cl frëschen Zitrounejus
1,5 cl Grenadinesirup
1 Sprëtzer Orangenblütenwasser(fënnt een am Bakrayon a groussen Supermarchéeën)
alles zesummen an e Shaker maachen. Äiswürfelen dobäi maachen a gudd shaken. An e Glas offëllen.
Dekoratioun: Kiischtebléien an Zocker fir de Bord vum Glas.
Lemonbalm Julep
6 cl Donven’s Whisky Single Malt / oder
Diedenacker Gin Classic
1 Tl Zockersirop
15 Blieder Zitrounemelisse
3 Sprëtzer Bitter (Zitroun)
Alles an e gekillten Glas ginn, e puer mol ëmréieren. D’Melisse virsiichteg ausdrécken an eraushuelen. Mat crushed Ice opfëllen a mat Zitrounemelisse garnéieren.
Roud emol anescht
3 cl Diedenacker Äerdbierlikör
5 cl Diedenacker Framboise Drëpp
10 cl Lët’z Citron
Opfëllen mat Crémant
E bësse Rhubarb mat Äerdbier a brongem Zocker am Glas zerdrécken
Drëpp an de Likör an engem Shaker mixen. Mat der Zitrounelimonad an d’Glas schëdden. Mat Äis opfëllen. Als Deko e bësse rosa Zockerwatt.
Mirabelle Delight
5cl Gëlle Fra L’extraordinaire Mirabelle
1,5 cl Zitrounejus
1 cl Zockersirop
2 Tl Mirabellegebeess
10 cl Diedenacker Farmers Corner Cider Alles ausser dem Cider zesummen am Glas mixen. Duerno mat Cidr opfëllen. Als Deko eng Limmettescheif an eng gedréchent Scheif Orange
